Nom 95er Bensinn e Mëttwoch ass et vun Hallefnuecht un och eng liicht Präisbaisse beim 98er a beim Diesel.

De Präis vum 98er Bensinn fält nämlech ëm 3,2 Cent a kascht domadder vun Hallefnuecht un 1,599 Euro de Liter.

Beim Diesel ass et eng Baisse vun 3,8 Cent de Liter op dann nach 1,411 Euro. Och den 10ppm Masutt gëtt vun en Donneschdeg un ëm 3,6 Cent méi bëlleg a kascht dann nach 0,878 Euro de Liter vun 1.500 Liter un.

RTL

© RTL-Grafik