Et huet puer Stonne gebraucht, bis d’Leit mat hiren Autoen den ënnerierdesche Parking konnte verloossen.

Eng Rei Leit hu sech doriwwer opgereegt.

“Well et sech ëm e falschen Alarm gehandelt huet, gouf et ni e Risiko fir d’Leit”, esou d’Stater Buergermeeschtesch Lydie Polfer an hirer Äntwert op eng Fro vum grénge Gemengeconseiller Nicolas Back.

Ewéi et heescht, waren d’Leit ni agespaart: Se hätten zu all Moment d’Trape kënne benotzen, wat d’Police och gefrot huet, mee d’Leit selwer refuséiert hunn. Eng Rei Leit sinn och an hiren Autoe sëtzebliwwen an hunn de Motor lafe gelooss. D’Lydie Polfer schreift awer, datt dat ni eng Gefor duergestallt hätt, well de Seuil vu Kuelemonoxid ëmmer niddreg bliwwe wier.

Datt et laang gedauert huet – tëscht 10 op 7 an dem éischten Alarm a bis d’Leit de Parking konnten ëm 20 vir 10 ufänken ze verloossen, dat wier ënnert anerem dorobber zeréckzeféieren, datt en Deel vun der Autobunn, déi den Techniker huet misse benotzen, fir op de Knuedler ze kommen, zou war.