Däitsche Club vu Mercedes-Benz 190 SL-Passionéierter zu Lëtzebuerg
Dëse Weekend war e ganz spezifeschen Auto-Club aus Däitschland op de Lëtzebuerger Stroossen ënnerwee.
All d‘Memberen hunn de selwechte Won an hirer Garage: e Mercedes-Benz 190 SL. Passionéierter aus ganz Europa hate sech zu Lëtzebuerg Rendez-vous ginn. De Pierre Jans war um éischten Dag beim Tour duerch d‘Éislek mat dobäi.
E Reportage mol eng Kéier ouni politesch Kontroversen, eppes fir vun de ville Problemer an der Welt kuerz Ofstand ze huelen. Hei geet et kuerz just ëm déi schéin Autoen. Ganz exklusiv ass dëse Rallye net. Den Auto soll e Stär vir um Capot hunn. Mä eigentlech steet awer ee konkrete Modell am Mëttelpunkt: 190 SL.
Den neie President vum Mercedes-Benz 190SL-Club Frank Erbeck:
"Dat ass eng richteg Ikon. A ganz villen däitsche Filmer fueren virop d‘Fraen en 190 SL. D‘Gina Lollobrigida an d‘Grace Kelly zum Beispill haten der och.“
Et soll och mol ee soen, deen Auto wär net schéin. Familljekutsche sinn et zwar net grad. Fir gemittlech Trajeten eegent sech eigentlech dem Lëtzebuerger Fony Weber säi raren Adenauer-Modell vun 1951 besser.
An der Zäit vill genotzt, fir dichteg a wichteg Leit vun A op B ze bréngen. Och dem Fony Weber Säin war a Russland fir déi polnesch Ambassade am Asaz. Iwwer e Schrotthändler koum e rëm an Däitschland, wou e restauréiert gouf. Dunn huet de Lëtzebuerger e fonnt an a seng Sammlung opgeholl.
Elo kann ee sech froen: firwat trommelt en däitsche Veräin knapps 95 historesch Benzen am Grand-Duché zesummen?
Den Organisateur Gérard Reis erkläert:
"Ech gouf virun zwee Joer op engem 190 SL-Treffen zu Aschaffenburg gefrot, fir dat zu Lëtzebuerg z‘organiséieren. An ech sot Jo.“
Et ka sou einfach sinn. An och d‘Membere zécken net laang a kommen aus ganz Europa. Een SL mat dänesche Placken hat déi längsten Faart hannert sech.
De Carsten Thylgaard a seng Fra sinn aus der Géigend vu Kopenhagen an de Grand-Duché gefuer komm. 1.373 Kilometer: am Oldtimer! Oldtimer-Fueren entspaant a verbënnt, seet de Carsten Thylgaard. Politesch engagéiert ass de Veräin net.
"Dat hei ass fir de Spaass. Ech hu virdrun nach engem Member gehollef, vum Vergaser ze schrauwen. Dat ass och d‘Liewen am Veräin. Mir hëllefen eis géigesäiteg“, esou seet de Frank Erbeck.
A vun de Lëtzebuerger Strecken am Éislek, dem Zentrum an der Muselregioun, waren déi mam Stär virop begeeschtert.