En neit Stroosseschëld soll d'Sécherheet vun de Vëlosfuerer am Stroosseverkéier erhéijen.

Wéi de Mobilitéitsministere matdeelt, soll dëst Schëld, dat d'Automobilisten un de Mindestofstand vun 1.5 Meter, deen et beim Iwwerhuele vu Vëlosfuerer ze respektéiere gëtt, deemnächst baussent den Uertschaften opgestallt ginn.

D'Schëlder solle baussent deene Stroossen installéiert ginn, déi Deel vum nationale Vëlosreseau sinn.

Mat der Installatioun vun de Schëlder géif een enger Demande vun der Associatioun ProVelo nokommen, déi sech fir méi Sécherheet fir Cyclisten asetzt, esou de Ministère.