Mëtt 2027 soll et lassgoe mam Ëmbau vun der Haaptstrooss zu Jonglënster. Aktuell ass geplangt, datt de Chantier 2029 fäerdeg wier.

Virun néng Joer krut Jonglënster e Contournement. D'Haaptstrooss duerch d'Duerf soll zanterdeem ëmgebaut ginn, si ass scho laang keng Nationalstrooss méi. Viru Kuerzem huet d'Gemeng dann och e Projet an den Devis gestëmmt, fir d'Strooss nei ze amenagéieren. Foussgänger a Vëlosfuerer solle méi Plaz kréien. Eng laang 30er-Zon ass geplangt, mä et brauch een nach e puer Joer Gedold.

Keng Prioritéit méi um Auto

Mëtt 2027 soll et lassgoe mam Ëmbau vun der Haaptstrooss zu Jonglënster. Aus dräi Spuere ginn der zwou. D'Prioritéit läit net méi um Auto, seet de Buergermeeschter Ben Ries. D'Plaz fir déi douce Mobilitéit, also Foussgänger a Vëlo, wier ganz wichteg. An et kënnt eng laang 30er-Zon am Kär vum Duerf. Déi ass geplangt vun der Rue des cerises bis bei d’Rue de la montagne.

An der 30er-Zon ass keng ofgetrennte Vëlospist. Do mësche sech Vëlo, Auto a Bus. Rout Luuchte sinn op der Haaptkräizung net virgesinn, bei der aler Apdikt bleiwe se awer. Foussgänger a Vëlosfuerer kréien, wéi gesot, Prioritéit. Et wier immens wichteg, datt een de Chantier an Ugrëff géif huelen, datt d'Leit kéinte profitéieren, ënnersträicht de Lënster Buergermeeschter:

"Wann ee vu Fréinen erof fiert an d'Duerf, hu mer lénks a riets, also béidsäiteg, Mobilité douce, do soll jo och de PC2 higefouert ginn, also déi ëffentlech Vëlospist Richtung Iechternach. Déi aner Säit, fir de Lënster Bierg erop, hu mer och eng Vëlospist virgesinn, op enger Säit. An dann natierlech méi breet Trottoiren, sou datt dat alles vill méi attraktiv a vill méi sécher wäert gi fir d'Awunner vun der Gemeng."

Aarbechte fänken eréischt an dräi Joer un

Et fale Parkplazen ewech, et sinn der awer och nach virgesinn, erkläert de Ben Ries. D'Busgare verschwënnt aus dem Duerf a kënnt op de P&R Lënster Bierg. D'Rue de la Gare gëtt och nach virdru frësch gemaach, sou datt et awer nach dauert mam Ëmbau vun der fréierer N11. Eréischt an dräi Joer – 2027 - soll de Chantier ufänken an zwee Joer laang daueren, sou de Lënster Buergermeeschter:

"Et wär jo schéin, wann alles 2029 fäerdeg wär, wou mer en neit Gemengenhaus hätten, eng nei Strooss, eng nei Rue de la gare, eng schéin 30er-Zon, Leit déi mam Vëlo kënnen duerch Lënster fueren. Dat wär dach fantastesch, wa mer dat kéinten hikréien bis Enn vun den Zwanzegerjoren."

Den Iwwerbléck vun de Pläng