Rout-Luucht- a Vitess-Radar an der Polvermillen géif Sënn maachen

© RTL Archiv
E Radar an der Polvermillen an der Stad, deen nieft der Vitess och kontrolléiert, ob een duerch Rout fiert, géif duerchaus Sënn maachen.
Dat äntwert d'Mobilitéitsministesch Yuriko Backes op eng parlamentaresch Fro vum adr-Deputéierte Jeff Engelen. Op där Plaz géife sech tëscht dem Val de Hamm/Nationalstrooss Boulevard Patton an der Rue de Pulvermühl déi national Vëlospist PC1 an d'Nationalstrooss N2 kräizen.
Deemno géifen do och Vëlosfuerer a Leit, déi zu Fouss ënnerwee sinn, eng Haaptachs fir an d'Stad kräizen. Grad si géifen de Statistiken no riskéieren, Affer vun Accidenter ze ginn. Zejoert sinn dem Statec no 40 Vëlosfuerer bei Accidenter verongléckt oder gestuerwen. 2021 waren et der 21. Well d'Radarstechnik drop ausgeluecht ass, fir d'Plackennummeren z'erfaassen, kéinten eventuell Verstéiss vu Foussgänger a Vëlosfuerer, déi d'Rout Luucht net respektéieren, net erfaasst ginn, erkläert d'DP-Ministesch. Natierlech wier awer jiddereen am Stroosseverkéier dru gehalen, de Code de la route ze respektéieren a géif och deementspriechend vun der Police kontrolléiert ginn.
D'Regierung plangt iwwerdeems net, Immatrikulatiounsplacken fir Vëloen anzeféieren. Dat wier net am Koalitiounsaccord virgesinn, sou d'Yuriko Backes.