Maintenance an eisen Tunnellen: Firwat esou dacks?
Wien nuets ënnerwee ass, deen huet et bestëmmt scho gemierkt : Wéi all Joers ginn aktuell nees d’Tunnelle kontrolléiert a kleng Mängel gefléckt.
Fir d’Chauffeuren ass dat mat emol méi, mol manner laangen Deviatioune verbonnen a wuel och emol lästeg. Ma fir d’Ponts-et-Chaussées sinn déi zwee Rendez-Vousen am Joer fir ze botzen an a Stand ze setzen awer déi beschten Optioun.
500-700 Meter maachen d’Ekippe pro Nuecht. Op dësem Dënschden Owend si si am Gousseler Tunnel ënnerwee. Kontrolléiert gëtt esou zimmlech alles, wat un Technik a Mechanik an esou engem Tunnel dra stécht. Um Dënschdeg den Owend stinn ënnert anerem d’Hydranten an d’Läsch-Anlagen um Programm.
Och d’Fossë gi gebotzt, fir dass d’Waasser oflafe kann. E Ventilator um Plaffong muss ersat ginn. Bis elo hunn d’Ekippen awer néirens gréisser Mängel festgestallt. De Chef de Service Denis Muller erkläert, all d’Ekippe géifen e Rapport maachen. Jee nodeems wéi urgent déi festgestallte Mängel wieren, géif een déi Elementer direkt ersetzen. Wier et awer net esou urgent, géif een ofwaarden, bis en e puer änlech Stécker bestelle muss an dann a méi klengen Interventiounen ersetzen.

Virgeschriwwe ginn déi Kontrolle vun der EU an dem Lëtzebuerger Recht. Manner wéi zweemol am Joer esou Kontrollen ze maachen, wier och keng Optioun, betount den Directeur adjoint vun de Ponts et Chaussées, de Paul Mangen. Wann d’Intervallen tëscht de Maintenance-Periode méi laang géifen, kéint et sinn, dass dertëscht emol eppes futti fiert, an den Tunnel da méi laang gespaart géif, wéi wann ee präventiv schaffe géing. D’Tunnellen am Grand-Duché wieren awer generell an engem gudden Zoustand.
Ausserdeem erkläert een eis um Chantier, den Trafic iwwer déi ganz Aarbecht bidirektional duerch nëmmen een Tube féieren, géif am Dag méi stéiere, wéi nëmmen nuets ze schaffen an den Tunnel dofir dann an eng Richtung ze spären. Firwat net am Congé collectif ka geschafft ginn, konnt net beäntwert ginn.
