Zuel vun no engem Accident verstuerwene Cycliste geet an d'Luucht

© Envato Symbolbild
D’Zuel vu schwéierblesséierte Vëlosfuerer a Cyclisten, déi ëm d’Liewe komm sinn, ass ass de leschten Jore geklommen.
Dat geet aus rezente Chiffere vum Statec ervir. Wéi al waren déi accidentéiert Vëlosfuerer a war Alkohol bei den Accidenter mat am Spill ? Ënnert anerem déi Detailer wollt d’CSV an enger parlamentarescher Fro un d’Mobilitéitsministesch gewuer ginn.
38 Cycliste goufen zejoert schwéier blesséiert, 2 Persoune si bei engem Vëlosaccident 2023 ëm d’Liewe komm. Am Joer virdru waren et 27 Schwéierblesséierter an ee Verstuerwenen, 2021 ass kee Vëlosfuerer ëm d’Liewe komm, allerdéngs goufen der 27 schwéier verwonnt. Wat d’Alterskategorien ugeet, präziséiert d’Mobilitéitsministesch Yuriko Backes an hirer Äntwert, datt virun allem déi iewescht Alterskategorien vu méi schroe Vëlosaccidenter betraff sinn. Déi meescht Schwéierblesséierter oder Verkéiersdoudeger iwwert déi lescht 3 Jore gekuckt, goufen et an der Alterskategorie tëscht 45-54 Joer, mat ëmmerhin engem Total vun 21. Bei de Jonke bis 24 Joer läit de Chiffer e gutt Stéck méi niddreg, bei deenen iwwer 65 dogéint och relativ héich.
D’Nancy Kemp Arendt vun der CSV wollt dann och wëssen, ob déi accidentéiert Vëlosfuerer en Helm unhaten. Vue datt et zu Lëtzebuerg allerdéngs keng Helmflicht gëtt, ginn déi Informatiounen der Mobilitéitsministesch Backes no och net systematesch vun der Police notéiert an deemno och net an de Statistiken vum Statec zréck behalen.
Nämmlecht wéi bei den Automobilisten ass och bei de schwéieren an déidlechen Accidenter mat engem Vëlo dacks den Alkohol u Schold. An de leschten 3 Joer war Alkohol ëmmerhin an 3 Fäll vun déidlechen Accidenter am Spill an 28 mol bei Schwéierblesséierten, präziséiert d’DP-Ministesch nach.