Op der Pompel
98er a 95er Bensinn gi méi bëlleg

© Image Envato Vlad_star
Nodeems d'lescht Woch den Diesel an de Masutt méi bëlleg gi sinn, zéien elo den 98er an de 95er Bensinn no.
Vun en Dënschdeg u muss ee fir de 95er Bensinn 3,8 Cent manner bezuelen, woumat de Präis bei 1,432 Euro de Liter läit.
Den 98er Bensinn geet iwwerdeem ëm 3,9 Cent erof a kascht dann 1,521 Euro de Liter.

© RTL Grafik
Am meeschte gelies