Ëm d'Käschten, déi déi 9 Membergemenge vum TICE-Bus-Syndikat mussen droen, goung an der Lescht vill rieds.

Esou hu sech d'Personalkäschte bannent de leschten 10 Joer méi wéi verduebelt, sou datt 2031 wäerten eng 90 Milliounen Euro fälleg ginn. Gewaart gëtt iwwerdeem och op eng nei Konventioun tëscht TICE an dem Staat.

Aktuell chiffréiere sech d'Käschten, fir d'Zerwisser vum Minetter Bus-Zerwiss ze subventionéieren, fir de Staat an d’Gemengen op 6 Euro pro Passagéier - bei den CFL-Busse sinn dat ronn 14 Euro. Am verglach leie si fir Staat a Stater Gemeng pro Tram-Passagéier bei manner wéi 1 Euro.

Dës Chiffere liwwert d'Mobilitéitsministesch dem Piraten-Deputéierte Marc Goergen op eng parlamentaresch Fro.
 
D'Yuriko Backes seet awer, datt ee misst oppassen, déi verschidden Operateuren net op Basis vu Passagéierzuelen an
Onkäschten eleng ze bewäerten, mä och déi spezifesch Erausfuerderungen an d’Besoine vun de betraffene Regioune prezis ze verstoen. D'Exploitatiounsfraise fir den TICE hu sech zejoert op 70 Millioune chiffréiert, vun deenen de Staat 47 Milliounen iwwerholl huet an de Rescht huet misste vun de Gemenge gedroe ginn.