An zwou Phasen wäerte keng Zich vun Esch aus an déi franséisch Nopeschregioun fueren. D'Zich ginn an dësem Fall duerch Busser ersat.

Eng éischte Kéier ass dëst vum 21. September un de Fall, dat fir iwwer ee Mount bis de 27. Oktober. Déi zweet Phas geet dann de 16. November un an dauert bis den 8. Dezember. D'Zoumaache vun dëser Linn fir dës Period huet mat der Modernisatioun vun der Escher Gare ze dinn.

D'Ersatzbusser zirkuléieren ënnert der Woch an engem Rhythmus vun enger hallwer Stonn a bleiwen och op der Gare bei der Universitéit um Belval stoen. D'CFL informéieren dann hir Clienten och, datt si fir de Bustrajet méi Zäit mussen arechnen, wéinst dem Verkéier an der Regioun.