Wie méi wéi 3 Gepäck-Stécker mathëlt, riskéiert elo eng Geldstrof
Zënter e Méindeg ginn et bei der SNCF Geldstrofen, wann ee sech net un d'Virschrëfte hält, déi zënter dem 15. Februar u scho gëllen.
Dës Virschrëfte gesinn nämlech vir, dass Passagéier vun engem TGV just nach maximal zwee grouss Gepäck-Stécker an een Handgepäck op de Kapp dierfe mat an den Zuch huelen. Wee méi dobäi huet, dee riskéiert vun elo un eng Strof vu 50 Euro mussen ze bezuelen, dat wuelverstane pro Gepäck, dat een ze vill dobäi huet.
Zënter Mëtt Februar gëllen dës Reegele schonn, wéi gesot zwee grouss Gepäck-Stécker vu maximal 70cm x 90 cm x 50 cm an e klengt Gepäck vu maximal 30cm x 40 cm x 15cm. Kannerkutschen, Scooteren, Surfbrieder, Snowboarden oder Museksinstrumenter ginn och akzeptéiert, gëllen dann als e grouss Gepäck-Stéck.