D‘Gare zu Rodange ass renovéiert an en Dënschdeg offiziell ageweit ginn.

En neie Souterrain, zwou BikeBoxen, de Service vum Car-sharing, eng nei Busgare, méi laang Quaien an eng Passerelle mat engem Parc&Ride. Alles dëst erwaart elo déi ronn 6.000 Leit, déi all Dag zu Rodange op der Gare passéieren.

Nei CFL- Gare Rodange / Reportage ChrisMeisch

D’CFL wëllen den ëffentlechen Transport méi attraktiv maachen, notamment vis-à-vis vu belschen  a franséische Frontalieren.
 
Bal 1.600 Gefierer kënne sech um Parc&Ride nieft der Gare parken. Eng Passerelle an ee Souterrain suergen dofir, dass een elo sécher iwwert oder ënnert de Schinnen eriwwer op d‘Gare kënnt.
Derbäi kommen nach aner Changementer, déi den Direkter vun den CFL Marc Wengler erkläert.
 
"Mir hunn d‘Quaie méi laang gemaach, domat wäert et méiglech ginn, an Zukunft och mat méi laangen Zich heihinner ze kommen. Do kann een an dräifacher Kompositioun sech virstellen, dass Zich heihinner kommen, déi iwwert dausend Leit kënnen transportéieren. Mir hunn an engems hei zwou Vëlosboxen an Dir hutt och nach de Service vum Carsharing. All déi Saachen zesummen, dat mécht, dass mir hei eng multimodal Plattform hunn, wou ee vu Bus, vum Auto op den Zuch, zu Fouss, mam Vëlo ka ganz komfortabel sech beweegen."

Fir d‘Transportministesch Yuriko Backes wier et wichteg, weiderhin an den ëffentlechen Transport z‘investéieren. Wat d’Frequentatioun ugeet, ass Rodange déi 9. gréisste Gare am Land.D‘Renovatioun stellt de Buergermeeschter vu Péiteng Jean-Marie Halsdorf zefridden
 
"Dat heiten ass eng Entlaaschtung. Mir hunn elo och scho gesot krut, dass schonn de grousse Parking bis 70 Prozent beluecht ass, dat ass eng gutt Saach a mir sinn och amgaangen, un engem 'Plan local de mobilité' ze schaffen, wou sécherlech den ëffentlechen Transport eng grouss Roll wäert spillen. Mir wäerten och versichen, eis Gemeng deementspriechend auszeriichten, well d‘Erscheinungsbild vu Péiteng ass och dat vun der Eisebunn.
 
Nach ass zu Rodange net alles fäerdeg. An deenen nächsten zwee Joer wäert den Espace public nach renovéiert ginn.

Youtube-Video