De Logisticsecteur fuerdert Geneemegunge fir "EcoCombien"

© AFP
Se ze erlaben, wier net nëmme gutt fir d'Kompetitivitéit vun der Lëtzebuerger Ekonomie, mee hätt och eng Partie positiv Nieweneffekter.
Wien heiansdo iwwert d'Lëtzebuerger Stroosse fiert, dee weess, datt den Trafic zäitweis extrem ass. Nieft den Autoe sinn och vill Camionen ënnerwee. Wann et den Intressevertrieder vum Logistiksecteur no geet, wäert d'Unzuel vun de Camionen erofgoen, d'Gefierer dofir awer méi laang ginn. Aktuell sinn déi sougenannten Ecocombien am Grand-Duché nach verbueden. Se ze erlabe wier awer net nëmme gutt fir d'Kompetitivitéit vun der Lëtzebuerger Ekonomie, mee hätt och eng Partie positiv Nieweneffekter. D'Kritik, déi et un deene laange Gefierer gëtt, wier iwwerdeems falsch.
Wärend een normale Camion mat Remorque bis zu 18,75 Meter laang a 40 Tonne schwéier duerf sinn, kënnen d'EcoCombien eng Längt vu bis zu 25,25 Meter an ee Gewiicht vu 60 Tonnen opweisen. Doduerch géinge manner Camione gebraucht, fir déi selwecht Quantitéit u Wueren ze transportéieren. An dat wier och batter néideg, esou den Daniel Kohl, Direkter vum Cluster for Logistics Lëtzebuerg.
"An Europa hu mer 233.000 Transporteuren, déi feelen. Et muss ee sech virstellen, datt an deenen nächsten 10 Joer 33 Prozent vun eise Babyboomers, dat sinn déi Leit vu 55 bis 65, an d'Pensioun wäerte goen. A mir rechnen, datt nëmme 5 bis 8 Prozent an 10 Joer deen Job wäerte maachen. Dat heescht do wäert ee Gap komme vun 20 bis 25 Prozent an dann hu mer ee Problem."
Manner Camione géingen och zu enger Reduktioun vum CO2-Ausstouss féieren. An enger Partie europäesche Länner, dorënner Däitschland, d'Belsch an Holland, sinn d'EcoCombien erlaabt. Lëtzebuerg hat sech ënnert der viregter Regierung net un enger entspriechender Initiative vum Benelux-Parlament bedeelegt. Firwat genee, weess den Daniel Kohl net. Een Argument, dat hien ëmmer rëm héiere géing, wier, datt d'EcoCombien der Bunn Konkurrenz maache géingen. Dat wier awer net wouer.
"Ech hu lo 25 Joer Erfarung am Transport an ech gesinn do keng Konkurrenz fir d'Bunn. Aus deem einfache Grond, well et ass komplementar, et ass komplementar aus deem einfache Grond, well et mécht Sënn bei Distanzen tëscht 10 an 350 Kilometer an en Zuch mécht haaptsächlech Sënn ab 600 Kilometer, also komme mer eis do net an de Wee."
Déi méi grouss Gefierer wieren och net méi geféierlech. D'Chauffere kriten eng speziell Formatioun an d'Bremse wiere verstäerkt. Well d'Gewiicht sech anescht op déi verschidden Achse verlagere géing, kéim et net zu enger méi staarker Belaaschtung vun der Stroosseninfrastruktur. Och datt d'EcoCombien an enke Passagen hänke bleiwen, misst een net fäerten.
"Déi Leit mussen ee gewësse Korridor fueren, déi däerfen och net vun deem Korridor erof. An et ass och net sou, datt déi Camionen elo an eng Groussstad géife kommen. Déi ginn haaptsächlech vun Hub zu Hub oder halt an eng Industriezon an da fuere se direkt op d'Autobunn. Dat heescht 90 Prozent vun deene Flëss ginn op der Autobunn gefuer. An oft fueren déi Camionen och owes, well se dann déi ganz Wuer agesammelt hunn."
Wat d'Wueren ugeet, géinge sech verschiddener éischter fir een Transport mat laange Camionen ubidden, wéi anerer. Zum Beispill Plastik mat sengem grousse Volume bei vergläichsweis niddregem Gewiicht.
Mat wéi engem Motor d'EcoCombien an Zukunft fueren, géing vun der Distanz ofhänken, Elektro fir kuerz, a Waasserstoff fir wäit Strecken. A béide Fäll misst et iwwerdeems Upassunge beim maximale Gewiicht respektiv der Längt vum Camion selwer kommen.
"Well halt en Elektrocamion huet eben zwou Tonne méi Gewiicht duerch d'Batterien an den Hydrogènecamion brauch natierlech ee Meter méi Plaz hannert senger Kabinn, fir datt en do den Tank kann opfëllen."
Et hätt een e Rapport iwwert d'EcoCombien un de Mobilitéits- an de Wirtschaftsministère geschéckt. De Ball géing lo bei der Regierung leien.