Problemer zu Schëffleng behuewen
Zich tëscht Beetebuerg an Esch fueren nees

© CFL
D'CFL hate gemellt, dass eng technesch Pann zu Schëffleng dozou gefouert hat , datt keng Zich tëscht Beetebuerg an Esch a béid Richtungen zirkuléieren.
Et goufen Ersatzbusser agesat, fir den Trajet ze garantéieren. Um 19.30 Auer koum d'Entwarnung vun den CFL, dass den technesche Problem behuewe wier an den Trafic op der Linn 60 nees lues awer sécher géif ulafen. Et kann awer nach zu Verspéidungen oder Annulatioune kommen, heescht et weider.
Fir sécher ze goen, ob engem säin Zuch fiert, sollt ee sech um Internetsite vun den CFL informéieren.
Am meeschte gelies