Ausgang Sëll a Richtung Schweebech
Fixe Radar zu Sëll gëtt den 1. Oktober schaarf gestallt

© Domingos Oliveira (Archiv)
Den neie fixe Radar zu Sëll war Ugangs 2023 ugekënnegt ginn an ass zënter Juli dëst Joer an der Testphas.
Déi Testphas geet den 1.Oktober 2024 op en Enn. Vun deem Ament u muss ee bezuelen, wann et blëtzt. Erlaabt sinn hei 50 km/h.
D'Vitess gëtt a béid Richtunge gemooss.
Well hei just Tempo 50 erlaabt ass, gëllt eng Toleranz vu 3 km/h, soulaang ee mat ënner 100 km/h ënnerwee ass. Ass een iwwer 100 km/h séier, gëllt eng Toleranz vun 3%.
Am meeschte gelies