UPDATE: Vun en Dënschdeg bis e Freideg
Couche op der N31 tëscht Rolleng a Käerjeng gëtt nei gemaach

Ponts et Chaussées hate an engem éischte Message matgedeelt, datt d'Streck tëscht Käerjeng a Richtung Rolleng zou wier. Op Nofro vum ACL hi gouf dëst awer rektifizéiert. D'Feiler weisen, a wéi eng Richtung gefuer ka ginn.
Dowéinst wäert dësen Deel vun Collectrice a Richtung Käerjeng fir den Trafic gespaart ginn. D'Deviatioun leeft iwwert d'N5.
Et ass also vun en Dënschdeg de Moien um 7 Auer bis e Freideg um 10 Auer mat méi Trafic iwwert d'Haaptstrooss vu Péiteng ze rechnen, well d'Deviatioun, fir vu Rolleng op Käerjeng ze kommen, geet iwwert d'Haaptstrooss, well d'Fuerbunn um Schluss vun der A13/N31 hei nei gemaach gëtt.
Am meeschte gelies