"LetzTrail"
Mat enger App nei Wander- a Vëlosweeër entdecken
Eng nei App aus Lëtzebuerg soll fir méi Ofwiesslung bei Aktivitéiten un der frëscher Loft suergen.
Lafe goen, wanderen oder mam Vëlo en Tour duerch de Bësch oder iwwert d‘Strooss maachen. Dacks mécht een ëmmer dee selwechten Tour, well een dëse kennt a vläicht nach ënnerwee wëll stoe bleiwen an do genee weess, wou ee kann eng Paus maachen, an e Kaffi kann drénken.
Ma wat wier, wann et eng App géif ginn, déi engem alternativ Weeër weist an engem an engems och Interessenspunkten op de Weeër géif weisen? "LetzTrail" mécht genee dat. Am Reportage gitt Dir méi iwwert d'App gewuer, déi just hei am Land funktionéiert.
Am meeschte gelies