An der Nuecht op e Samschdeg zirkuléiert zu Köln quasi keen Zuch a keen Tram. De Grond sinn Aarbechten un der Technik.

Gutt 325 Milliounen Euro investéiert d'däitsch Bunn an nei elektronesch Stellwierker, 3 Stéck sinn zu Köln am Bau. Zwar sinn dës Aarbechte baussent den Haaptzäiten oder nuets, sou dass et am mannste Repercussioune fir d'Fuergäscht huet, an awer musse fir nei Signaler och ëmmer nees Streckendeeler gespaart ginn an et kënnt vereenzelt zu Retarden.
 
Lo ginn zwou Gare wéi gesot komplett gespaart. De Kölner Hauptbahnhof an de Bahnhof Köln-Messe/Deutz si vun e Freideg den Owend 21 Auer un zou an dat bis e Samschdeg 5 Auer moies. Betraff sinn awer och d'Trammen, sou d'Deutsche Bahn AG. Busser garantéieren den Ersatzverkéier a fir de Rescht ass et d'Recommandatioun op net dréngend noutwenneg Reesen an der Nuecht ze verzichten.