Den Tram wäert op iwwer 500 Meter ënnerierdesch fueren
D'Netz vum Tram wiisst, dat an ënnerschiddlech Richtungen. E Freide goufen d'Trajectoirë vun der Zukunft am Stater Gemengenhaus presentéiert.
Den Tram wäert vun 2032 un déi éischt Kéier op enger Längt vu 550 Meter ënnerierdesch vun der Areler Strooss aus fueren. D‘Linn vun insgesamt 2,2 Kilometer verbënnt de Centre Hospitalier de Luxembourg (CHL) an d‘Stäreplaz . Alle 4 Arrête wäerten awer iwwerierdesch sinn.

"Ech sinn iwwerzeegt, dass dat eng grouss Opwäertung fir d‘Areler Strooss gëtt", sou d‘DP-Mobilitéitsministesch Yuriko Backes. D‘Iddi ass, dass den Tram sou mann wéi méiglech Impakt soll hunn. D‘Areler Strooss wäert deemno fir den Individualverkéier op bleiwen, an et soll eng bidirektional Vëlospist kommen, déi kloer vum Autosverkéier getrennt ass.
D‘Variant fir dëse Streckenofschnëtt, déi zréckbehale ginn ass kascht 140 Milliounen Euro. E Virdeel wär, dass de Projet géing 3 Joer éischter fäerdeg ginn, wéi bei viregte Variante fir e méigleche Verlaf, erkläert den Helge Dorstewitz, Generaldirekter vu Luxtram. Bei enger dovunner sollt den Tram komplett duerch en Tunnel fueren, bei enger anerer komplett iwwerierdesch. D‘Finanzéierungsgesetz soll Enn 2025 deposéiert ginn.
Mam Tram op de Fluchhafe vun nächstem Joer un
Vu Mäerz d‘nächst Joer u soll ee kënne mam Tram bis op de Fluchhafe fueren. Um Tronçon vun 3,9 Kilometer wäerten et mam Héienhaff P+R an Findel Luxembourg-Airport zwou nei Statioune ginn. "D‘Leit mussen da just 60 bis 70 Meter wäit goen, vum Quai bis an de Fluchhafen", erkläert den Helge Dorstewitz.
Eng weider Extensioun vun der Tram ass eng Linn tëscht dem Kierchbierg an Hollerech. D‘Finanzéierungsgesetz fir dës wier am Ufank vum Joer an der Chamber unanime ugeholl ginn, seet d‘Yuriko Backes. D‘Aarbechte fir den Tronçon wäerten d‘nächst Joer ufänken. D‘Schinne wäerten dann an Zukunft fir d‘éischt vum Kierchbierg beim Pôle d‘Echange Pafendall iwwert de Boulevard Konrad Adenauer bis bei d‘Europaschoul verlafen. Operationell soll dësen Deel dann 2027 sinn.
2027 geet et da lass mat den Aarbechten zu Hollerech. Hei gëtt den Tracé op enger Streck vun 1,1 Kilometer a Richtung zukünftege Quartier Nei Hollerech erweidert. 2029 soll dëst fäerdeg sinn.

E weider Projet, deen nach op der Lee ass, ass de 4,2 Kilometer laangen Deel op der Escher Strooss tëscht der Stäreplaz an der Cloche d‘Or. D‘Zil ass, eng zweet Nord-Süd-Axe ze schafen, sou dass d‘Passagéier sech besser um Tramsreseau verdeelen. Hei ass d‘Mise en service fir 2030/31 geplangt.
Da gouf och nach kuerz déi séier Tram op Esch ugeschwat. Alles géing hei am Zäitplang leien. Bis 2028 ass d‘Streck bis op Leideleng fäerdeg, 2030 bis Féiz, 2032 bis Metzerschmeltz an 2035 bis Belval.
Mat all den neie Projete fir den Ausbau wäert dann och den aktuellen Tramsschapp ze kleng ginn. D‘Aarbechte fir en neien Tramsschapp op der Cloche d‘Or wäerten 2025/26 ugoen a sollen 2029/30 finaliséiert sinn.
Bis elo géingen all Dag 100.000 Leit mam Tram fueren. Am Summer, wärend der Fouer, wieren et esouguer 120.000 gewiescht, ënnersträicht d‘Yuriko Backes. 2035 rechent ee mat 300.000 Passagéier. Vun engem Tramsnetz vun aktuell 11 Kilometer, wäert een dëst da bis 2035 op Ronn 50 Kilometer ausbauen. "Bal all 2 Joer wäerte mer eng nei Aweiung hunn", seet den Helge Dorstewitz.
Kritik vun Déi Gréng
An engem Schreiwes heescht et, ausser e puer schéine Biller géif et wéineg konkreet Fortschrëtter an der Planung a punkto Tramausbau ginn.