De Präis vum Bensinn klëmmt weider. Vun en Dënschdeg u muss ee fir de Liter 98er Bensinn nach méi déif an d'Täsch gräife wéi bis ewell.

Nodeems de Präis vum 98er Bensinn eréischt viru gutt zwou Wochen an d'Luucht gesat gi war, kommen elo weider 4 Cent op de Präis vum Liter drop. Domat kascht den 98er Bensinn vun en Dënschdeg un 1,599 Euro de Liter.