Explikatiounen iwwer Problemer um Findel Enn August

Flich, déi annuléiert oder ëmgeleet goufen, ferm Verspéidung kruten, dat war d'Situatioun den 28. August um Findel wéinst engem Lach an der Pist.
Den Dag selwer hat et aus de Reie vun der LSAP direkt eng parlamentaresch Fro ginn. Elo koum d'Äntwert aus dem Transportministère.
Delayed, canceled. Iwwer 2.000 Passagéier waren Enn August um Findel betraff. Am Detail waren et 11 Volle vun 81 am Ganzen, déi gestrach goufen, 4 goufen deviéiert an 49 hate Retard. No zwou Stonne war d'Pist op enger Streck vun 1.800 a kuerz drop 2.000 Meter Längt nees op fir Departen a Landunge vu mëttelgrousse Fligeren.
De Problem louch un der ieweschter Schicht vum Goudron. Dobäi ware se eréischt um Findel Enn 2022 mat enger Renovatioun vum Tarmac fäerdeg ginn. De Problem hat sech iwwer annerhalleft Joer gezunn an hat scho Reparatiounen a soss Entretiensaarbechten néideg gemaach. Et waren dowéinst och weider Analyse gemaach ginn. D'Resultater sollen nach dëst Joer bekannt ginn.
D'Pist um Findel, esou d'Transportministesch, gëtt all Dag 7 Mol ënnert d'Lupp geholl an et war ebe bei esou enger Routineskontroll, bei där Enn August d'Lach an der Pist entdeckt gouf.
Eng Pist hält gemenkerhand bis zu 30 Joer. Déi iewescht Schicht Goudron, déi an dësem Fall viséiert ass, muss all 5 Joer erneiert ginn. Des Kéier hat se keng 18 Méint gehalen.
D'Schicht gëtt elo nach virum Wanter partiell erneiert. Et wier eng preventiv Mesure, heescht et bei LuxAirport. Dës Aarbechte sollen an den éischten 3 Wochen am November gemaach ginn an dat nuets, fir dass et keng Repercussiounen op de Fluchtrafic kritt.