Den Zuch ass ze spéit? D'CFL kënnen Iech eng Attestatioun fir d'Verspéidung ginn

© Romain van Dyck
Mä wéi kritt Dir dës? Hutt Dir Usproch op eng Entschiedegung bei Verspéidungen? A wéi ass et mat der Pünktlechkeet vun den CFL? Hei en Iwwerbléck.
"Léif Passagéier, eisen Zuch huet eng Verspéidung vu 40 Minutten", seet e Mataarbechter vun den CFL.
De leschte Freideg huet schlecht fir d'Passagéier am Zuch RB6882 (Linn 60), deen op Lëtzebuerg fiert, ugefaangen. Ma scho kuerz drop héiert een eng weider Uso aus de Lautsprecher vum Zuch: "Wann Dir eng Attestatioun iwwer d'Verspéidung braucht, frot mech w.e.g. bei mengem Passage."
Wéi den Zuch endlech op senger Destinatioun ukënnt (géint 8 Auer amplaz um 7.28 Auer), stiermen d'Passagéier d'Trapen erof, fir d'Gare ze verloossen. Verschiddener bleiwen awer méi laang stoen, fir nom CFL-Mataarbechter ze sichen, deen um Quai nieft dem Zuch steet. Hien dréckt eis de Beleeg bannent e puer Sekonnen aus. "Zanter op d'mannst 20 Joer bidden d'CFL dës Aart vun Attestatioun un. Ma d'Leit wëssen dat net ëmmer", erkläert den Agent. "Ech ka confirméieren, dass dat déi éischt Kéier ass, dass ech dat héieren", wonnert sech eng Passagéier. Aner Leit ronderëm geet et duer, als Beweis vun der Verspéidung eng Foto vun de Bildschiermer ze maachen, op deenen d'Zäit vun der Arrivée vum Zuch ugewise gëtt.

Vill Passagéier maachen einfach eng Foto vum Panneau, op deem steet, um wéi vill Auer den Zuch wierklech ukomm ass. / © Romain van Dyck
Vu 6 Minutten un ass et méiglech, eng Attestatioun ze kréien
RTL Infos huet d'CFL kontaktéiert, fir méi iwwer de Service vun den Attestatioune fir Verspéidunge gewuer ze ginn. Gutt Nouvelle: e gëtt systematesch ugebueden, erkläert een eis. Dës Aart vun Uso, "déi d'Clienten opfuerdert, sech beim Schaffner ze mellen, fir eng Verspéidungsattestatioun ze kréien, gëtt d'office op der Endstatioun vum Zuch bei enger Verspéidung vu méi wéi oder vu sechs Minutten" ofgespillt. Ënner 6 Minutte gëllt en Zuch nämlech net als ze spéit, erënneren d'CFL op hirem Site.
Et gëtt awer och aner Méiglechkeeten, dës Attestatioun ze kréien. "D'Passagéier fuerderen an de meeschte Fäll eng Attestatioun fir d'Verspéidung iwwer E-Mail (qualite@cfl.lu) beim Service Suggestions Réclamations Clients vun den CFL un, dee berechtegt ass, esou eng Attestatioun z'iwwermëttelen", heescht et weider an der Erklärung. Dëse Service ass och iwwer Telefon z'erreechen (+352 2489 5555). D'CFL denken iwwerdeem doriwwer no, eng Attestatioun online iwwer e Formulaire zur Verfügung ze stellen.
Weider preziséieren d'CFL, datt "fir d'Educatiounspersonal an d'Studenten a Schüler eng Lëscht vun Zich, déi moies Verspéidung haten, de selwechten Dag un d'Schoulen a Lycéeë geschéckt gëtt, sou datt d'Educatiounspersonal d'Verspéidung vun hire Schüler excuséiere kann."
Gëtt et eng Entschiedegung bei Verspéidungen?
"Zu Lëtzebuerg ka kee Remboursement wéinst Verspéidunge fir national Reesen ugefrot ginn", confirméieren d'CFL. Mir dierfen net vergiessen, datt zanter dem Fréijoer 2020 déi ëffentlech Verkéiersmëttel am ganze Land gratis sinn.
Bei internationale Reesen ass dat awer net de Fall. Hei kënne Passagéier "bei enger Verspéidung vu 60 bis 119 Minutten eng Entschiedegung an Héicht vu 25% vum Ticketspräis a bei enger Verspéidung vun 120 Minutten oder méi eng Entschiedegung an Héicht vu 50% vum Präis" kréien. Am "Fall vun engem annuléierten Zuch oder bei enger Verspéidung vu méi wéi 60 Minutten, déi virauszegesinn ass", kann och e "Remboursement vum ganzen oder en Deel vum Präis vum Ticket" ugefrot ginn.
Pünktlechkeet vun den CFL: 2023 bal all zéngten Zuch verspéit
2023 louch d'Pünktlechkeet vun den CFL-Zich bei 90,1%. Dat heescht, bal all zéngten Zuch koum net pünktlech un. Och wann d'Pünktlechkeet 2023 liicht méi schlecht ginn ass (2022 louch se bei 90,5%), striewen d'CFL an den nächste Joren trotzdeem 92% un. An nodeems déi nei Streck Lëtzebuerg-Beetebuerg a Betrib geholl gouf, wäerte si "nach méi éiergäizeg Ziler viséieren", heescht et weider.

Am Moment sinn 9 vun 10 Zich zu Lëtzebuerg pünktlech. / © DR
D'Pünktlechkeet vun den CFL-Zich ass e komplext Thema a muss par rapport zu den auslännesche Reseauen (Belsch, Frankräich, Däitschland) gekuckt ginn. Den Taux vun 90,1% am Joer 2023, esou erklären d'CFL, "géing ënnert anerem aus dem staarken Impakt vun Elementer vun Drëttpersoune resultéieren, virun allem dem Nowierke vu soziale Beweegungen op den auslännesche Schinnennetzer (94 Streikdeeg am Joer 2023) oder dem Impakt vun Tëschefäll, déi duerch den Non-Respekt vum Code de la route duerch Drëttpersoune bei Barriäre geschéien."
Verschidden Zuele si gréng ginn, wéi zum Beispill de Réckgang vun den Annulatiounen duerch technesch Problemer bei engem Zuch ëm 22% am Joer 2023 an de Réckgang vun den Ausfäll duerch de Manktem u Schinneninfrastruktur ëm 6%.
Méi iwwer d'Verspéidunge gitt Dir an de méintlechen Zuelen um Site vun den CFL gewuer.