D'Radaren op de Lëtzebuerger Stroossen hunn zejoert eppes iwwer 15 an eng hallef Milliounen Euro an d'Staatskeese gespullt.

Dat geet aus enger Äntwert vum Inneminister an der Justizministesch op eng parlamentaresch Fro vun adr ervir. 352.389 Leit kruten e Protokoll, well se geblëtzt goufen.

De Ministeren no sinn 84% vun de Protokoller bezuelt ginn. Geschitt dat net, kritt de betraffene Chauffer eng sougenannt "Amende forfaitaire". Déi wier an engem Véierel vun de Fäll bezuelt ginn.

Bei Gefierer aus dem Ausland schéckt Lëtzebuerg d’Protokoller an all déi Länner, mat deenen de Grand-Duché déi sougenannten "Cross Border Enforcement-Directive" ënnerschriwwen huet an dem European car and driving licence information system (CBE-EUCARIS) ugeschloss sinn.

Dat sinn alleguerten d’europäesch Memberstaaten plus Groussbritannien.