Tesla presentéiert Robotaxi an en autonome Bus
Den Tesla-Chef Elon Musk huet een neit Gefier presentéiert, dat Passagéier ouni Chauffer transportéiere soll.
Tesla huet e Freideg de Moien eiser Zäit e Robotaxi an e Bus, dee selwer fiert, virgestallt.
Et war en Optrëtt wéi am Hollywood-Film! Dass den Elon Musk säi Cybercab effektiv an engem Filmstudio zu LA presentéiert, huet awer manner mat sengem Ego ze dinn, mee éischter domadder, dass säi Robotaxi nach guer keng Autorisatioun huet, fir iwwert ëffentlech Stroossen ze fueren. Den Tesla-CEO versprécht d'Revolutioun vum autonome Fueren:
“Et ass de Sprong vun Autoen, déi selwer fuere kënnen, mee nach iwwerwaacht musse ginn, eriwwer bei Autoen, déi ouni Kontroll selwer fuere kënnen. Dir kënnt also en Tëmpchen halen, bis Dir op Ärem Zil ukomm sidd.”
De "Cybercab" huet zwou Fligel-Dieren, déi no uewen opginn a soll ouni Chauffeur Leit transportéieren. D'Produktioun vun deene Gefierer soll warscheinlech 2026 ufänken. De "Cybercab" soll manner wéi 30.000 Dollar kaschten.
De Minibus, dee virgestallt gouf, ass de "Robovan". 20 Leit passen hei eran. An och dee Bus soll ouni Chauffer auskommen. Déi néideg Software fir dat autonoomt Fueren, wou de Mënsch net agräife muss, soll d'nächst Joer am Texas an a Kalifornien an den aktuellen Tesla-Modeller op d'Strooss kommen.
Keng Lasertechnologie am Cybercab
Nach däerf den Tesla Cybercab nëmmen op ofgespaarte Stroosse fueren. Google ass do mat sengem Waymo-Projet do schonn e gutt Stéck méi wäit.
Tesla ass spéit un, mee probéiert sech iwwert de Präis ze rattrapéieren. De Kampfpräis vun 30.000 Dollar gëtt méiglech, well op komplizéiert an deier Laseren a Radare verzicht gëtt. De Cybercab orientéiert sech nëmme mat klassesche Kameraen.
Ob dat am Alldag zouverlässeg funktionéiert, dee Beweis ass den Elon Musk bis elo schëlleg bliwwen. Déi Systemer, déi Tesla elo schonn als "Autopilot" verkeeft, falen dacks aus oder provozéieren esouguer Accidenter. Schold wier, esou Experten, eben de Verzicht op d'Lasertechnologie.
Och d’Investisseuren schéine vu Cybercab a Robovan net wierklech iwwerzeegt ze sinn. Trotz Hollywood-räifer Presentatioun huet d’Tesla-Aktien zäitweis 6 Prozent u Wäert verluer.