De Komponist Michel Reis erzielt eis, wéi ee Musek fir den Tram schreift
Dass d'Arrêten an engem Tram annoncéiert ginn, ass net esou ongewéinlech. Dass awer all Arrêt seng eege Musek huet, huet net all Tram.
Den Tram gehéiert elo schonn zanter 7 Joer zum Stadbild dozou. Seng Streck duerch déi verschidde Quartiere vum Stadion bis bei de Findel ass 16 Kilometer laang a bleift aktuell op 22 Arrête stoen. Enn Januar 2025 soll d'Streck dann och bis op de Fluchhafen opgoen an da sinn et 24 Statiounen. A wiem et nach net sollt opgefall sinn: all Arrêt huet eng aner Musek. Wann den Tram déi nächst Haltestell ufiert, gëtt den Arrêt annoncéiert an et spillt eng kuerz Melodie am Hannergrond an déi ass eenzegaarteg fir all Stopp. Dass d’Arrêten annoncéiert ginn, ass net esou ongewéinlech. Dass awer all Arrêt seng eege Musek huet, huet net all Tram.
Dat war ee ganz bewosste Choix, wéi d’Françoise Frieden vu Luxtram erzielt: "An engem Tram ass et ganz wichteg, dass een d’Annoncë gutt gesäit oder héiert. Esou hutt Dir Ecranen am Tram, wou een d’Annoncen direkt gesäit, awer och ee Mikro, dee si useet. Do war eis wichteg, dass si kloer sinn, agreabel a gutt verständlech. Do war eis kloer, dass Musek do bestëmmt hëlleft, fir dass een nach méi drop opmierksam gëtt. An d’Iddi kënnt vun eisem fréiere Generaldirekter dem André von der Marck an dat ass ee groussen Jazz-Fan.”
An nodeems den André von der Marck de Museker a Komponist Michel Reis op engem Concert gesinn huet, war och dee Choix getraff. De Michel Reis huet zougesot an dëse besonnesche Projet begleet hien elo schonn zanter 2017. Komponéiert an opgeholl huet hien d’Jingelen a sengem eegene Studio. Déi gréissten Erausfuerderung wär dobäi gewiescht, sech kuerz ze halen. Ongeféier 20 Sekonne sollen déi kleng Melodië fir déi verschidden Arrêten hunn. Do bleift engem net vill Spillraum. Grad well hie soss éischter gewinnt ass, méi laang Stécker ze schreiwen an ze spillen.
Den Jazz-Museker a Komponist huet schonn 11 Alben erausbruecht. Fir seng Musek reest hie vill, huet ënner anerem och schonn dacks a Japan gespillt an ass Deel vum Grupp “Japan Quartet”. Donieft spillt hien och am Trio “Reis Demuth Wiltgen” a gëtt Kueren am Conservatoire an der Stad.
Léiert de Michel Reis besser an eisem Portrait vun 2019 kennen
Beim komponéiere géif hie sech vu spontanen Emotiounen an der Stëmmung vum Moment leede loossen: “Dat kann ech rational net erklären. Ech komme moies an de Büro an da leeën ech lass”, esou de Michel Reis iwwert seng Aarbecht.
Déi éischt Melodien huet hien 2017 fäerdeg gemaach. Dat ass och d’Joer, an deem den Tram ageweit gouf. An och elo, wou den Tramsreseau ausgebaut gëtt, kommen nei Melodien dobäi, ëm déi sech de Michel Reis këmmert. Och déi vun der Endstatioun um Fluchhafen ass scho fäerdeg. “Hei héiert een, dass e bëssen een nervöse Rhythmus do dobäi ass, dat heescht, et muss ee sech tommelen an et ass och ee schéine Piano, dee bësse wéi eng Sonn kléngt. Dat heescht d’Musek ass fir an d’Vakanz ze fueren”, erkläert de Michel Reis a laacht.
Net just, dass all Arrêt seng eege Melodie huet, mee all Jingel gëtt et och nach a véier verschidde Variatiounen. Wichteg beim Projet wär dem Museker och ze weisen, wéi breet a villfälteg d’Musek ass: "Et gëtt esou vill a wat een oft um Radio héiert, ass just eng Schinn an et gëtt esou vill aner Saachen nach. Ech hunn zum Beispill bei verschiddene Statiounen och verschidde Perkussiounsinstrumenter dobäi geholl, déi ee vläicht net esou oft héiert. Musek ass eppes ganz Breedes.”
Iwwregens fuere Luxtram no all Dag 100.000 Persoune mam Tram. Also ee grousse Public, deen all Dag ëmmer nees op en Neits d'Kompositiounen héiert a vläicht ass jo deen een oder aneren dorënner, dee säin neit Liblingsinstrument entdeckt, oder säin Arrêt net verpasst, well d'Musek een drun erënnert, dass ee schonn do ass. Sou oder sou wär d'Zil vun der Musek am Tram erreecht.