Nodeems d'Präisser op der Pompel déi lescht Deeg ëmmer nees méi deier gi sinn, ginn den Diesel an de Masutt um Mëtternuecht nees e Stéck méi bëlleg.

De Präis vum Diesel gëtt 4,3 Cent méi bëlleg a geet deemno vun 1,449 Euro op 1,406 Euro de Liter erof.

Beim Masutt ass et eng Baisse vu 4,4 Cent, op dann 0,861 Euro pro Liter.