Nodeems den Diesel a Masutt schonn en Donneschdeg méi bëlleg gi sinn, ass et e Freideg um Bensinn.

De Präis vum 95er Bensinn, deen eréischt d'lescht Woch méi deier gi war, geet elo erëm erof. Dat ëm 1,9 Cent op 1,485 Euro de Liter.

Och den 98er Bensinn gëtt no de leschten Haussen erëm méi bëlleg. Hei ass et eng Baisse vun 1,3 Cent de Liter, woumat den 98er vun e Freideg un nach 1,586 Euro kascht.

RTL