D'Ponts et chaussées deelen en Donneschdeg de Mëtteg mat, datt d'Vitesslimitatioun am Tunnel Grouft op der A7 a béid Richtungen op 70 km/h erofgesat gouf.

Deemno goufe bei de Maintenanceaarbechten am Tunnel Problemer mat der Waasserversuergung festgestallt. Als Sécherheetsmesure, fir d'Gefore vun engem Accident ze miniméieren a bis de Problem behuewen ass, gëllt am Tunnel Grouft a béid Richtunge 70 Kilometer an der Stonn.

Ponts et Chaussées preziséiert dann och, datt d'Vitess, déi am Tunnel affichéiert ass, vum Radar kontrolléiert gëtt.