E Freideg zéien d'Präisser vum Diesel a vum Masutt erëm liicht un.

De Präis vum Diesel, deen eréischt d'lescht Woch eréischt méi bëlleg gi war, geet elo erëm erop. Dat ëm 1,9 Cent op 1,425 Euro de Liter.

Och de Masutt gëtt no de leschte Baissen erëm méi deier. Hei ass et eng Hausse vun 1,7 Cent de Liter, woumat de Masutt vun e Freideg un 0,878 Euro kascht.

RTL