Am Moment ass et bësse méi rou eg, mä d‘Situatioun ass net dramatesch.

Dat ass den Echo aus der Lëtzebuerger Autosbranche, nodeems de Regime vun den Elektroprimme viru ronn engem Mount ofgeännert gouf. Mat Bléck op d‘nächst Joer maachen d‘Changementer bei der Besteierung vu Firmeween der FEDAMO awer Suergen.

Gekierzte Primmen, eng Obligatioun fir den neien Elektrowon 3 Joer ze halen an Finanz-Sprëtze fir elektresch Occasiounsgefierer

Ënner anerem dës Ännerunge gëllen zënter dem éischten Oktober. Virum Stéchdatum hunn nach vill Leit sech bäigemaach, fir vum ale Regime ze profitéieren, virun allem bei der Zuel vun de Leasing-Kontrakter hätt een dat constatéiert, seet de Philippe Mersch, President vun der Autosfederatioun FEDAMO
 
"Mir hu festgestallt, dass effektiv bis Enn September nach ganz vill Leit versicht hunn, vun deenen 8.000 Euro Primm op engem elektreschen Auto ze profitéieren, dat heescht, et si vill méi Commanden am September getätegt gi wéi elo vläicht d'Joer."
 
Genee chiffréiere kéint een déi Hausse am September net. Obwuel d‘Primme lo gekierzt goufen, bleift de Philippe Mersch nom éischte Mount am neie Regime optimistesch
 
"Dat ass sécher net dramatesch. Wéi gesot, ech mengen 6 .000 Euro Primm op engem elektreschen Auto ass eng ganz attraktiv Hëllef, déi mer soss an Europa net hunn. Mir sinn och frou, dass mer déi hunn. Et gesäit ee jo, wéi et a Länner ass, wou keng Primme méi sinn, dass wierklech de Marché abrécht. E brécht bei eis definitiv net an. En ass op enger Konstanz. An et ass kloer, dass mer natierlech mat enger Reduktioun vun den Hëllefe warscheinlech net déi objektiv Ziler vum PNEC erreechen, mee voilà, do musse mer alleguerten dru schaffen."
 
Bis 2030 hätt den hallwe Fuerpark elektresch solle sinn, sou wollt et d'Politik, wat awer net méi realistesch ass. Bei de Leasing-Offere fir Privatleit bréngen déi nei Mobilitéitsprimmen awer gréisser Ännerunge mat sech, déi Kontrakter sinn net méi grad sou attraktiv wéi bis ewell.
 
"D'Offeren am Private Lease sinn elo anescht. Éischtens, well d'Primm effektiv e bësse manner héich ass, vun 8.000 op 6.000 Euro erof. Mee virun allem well d'Durée, wou een den Auto muss halen, fir d'Primm kënnen ze behalen, op dräi Joer verlängert ginn ass. Soss war et ee Joer. Dat huet e groussen Impakt op déi Offeren am Private Lease, déi ëmmer gemaach gi sinn, déi ganz kommerziell waren."
 
Dat anert Joer komme Changementer bei de Firmeween, déi méi héich besteiert wäerte ginn, och elektresch Societéitsautoen. D‘Autosbranche gesäit dëse Changement éischter skeptesch a fäert negativ Repercussiounen op d‘Venten
 
"Et ass e Fakt, dass mat där neier Tabell, déi elo a Kraaft trëtt, den Avantage net méi esou visibel ass, wéi et virdru war an d'Angscht ass einfach, dass vill Net-Residenten hei am Land, déi elo dovu profitéieren an déi mir hei zu Lëtzebuerg verkafen an umellen, dass déi deen Auto net méi wëllen an eng aner Solutioun fannen an hirem Regime fiscal an dann en Auto am Ausland kafen."
 
E bëssen onglécklech wier et, datt d‘Kierzung vun de Primmen an déi manner staark Fërderung vun de Firmeween zäitlech openee falen, grad well ebe bei de Ventë vun Elektrogefierer aktuell d‘Loft souwisou schonn e bëssen raus ass.

De Philippe Mersch ass sech awer sécher, datt de Verkaf vun Elektroautoe sech erkritt an datt d‘Technologie sech séier wäert duerchsetzen.