Ëm Mëtternuecht klammen op der Pompel nees d'Präisser.

Nodeems en Dënschdeg den Diesel schonn ëm 2,7 Cent méi deier gouf, ass et elo vun e Mëttwoch un de Bensinn. Bei béiden Zorten gëtt et eng liicht Hausse.

De 95er Bensinn gëtt ëm 1,9 Cent méi deier a kascht dann 1,46 Euro de Liter. Beim 98er ass et eng Hausse vun 2,2 Cent op dann 1,57 Euro.

RTL

© RTL-Grafik