En Donneschdeg de Moien hu länger Aarbechten op der Areler Autobunn ugefaangen, déi bis Mee 2026 dauere sollen.

Dat konnt een um ACL noliesen a gouf och vun hinne confirméiert. Geschafft gëtt tëscht der Sortie Mamer, e puer Meter virun der Sortie Capellen, an der Aire de Capellen.

Knapp 400 Meter also, déi fir grousse Chaos wäerte suergen. Et gëtt nämlech och eng Vitesslimitatioun op där Plaz en place gesat, wann ee Richtung Arel fiert. Vun en Donneschdeg de Moien u gëllen do 70 Stonnekilometer, well do och d'Fuerbunne méi enk sinn. Vum 15. November un ass dann och a Richtung Stad d'Vitess op 70 km/h limitéiert, dat tëscht d'Aire de Capellen an der Sortie Mamer.

De Chantier dauert bis Mee 2026. Et dierft an där Zäit dann och méi kräfteg stauen.

Bei den Aarbechte geet et drëm, d'Autobunnsbréck iwwert de Schinnen nees an d'Rei ze setzen. Dat huet Ponts et Chaussées op Nofro hi bestätegt. D'Bréck gëtt dann och méi breet gemaach, dat en Vue vun engem eventuellen Ausbau vun elo 2x2 Spueren op dann 2x3 Spueren.

Pressecommuniqué

Réhabilitation de l’OA1004 sur l’autoroute A6: vitesse maximale réduite à 70 km/h entre l’échangeur Mamer-Capellen et l’aire de Capellen jusqu’en été 2026 (15.11.2024) 
Communiqué par : Administration des ponts et chaussées 
 
En raison de travaux de réhabilitation et d’élargissement du pont autoroutier OA1004, qui démarreront le vendredi 15 novembre 2024 et dureront jusqu’en été 2026, la vitesse maximale autorisée sera réduite à 70 km/h en direction de la Belgique. À partir du lundi 18 novembre 2024, cette limitation de vitesse sera appliquée également dans le sens de Luxembourg-ville.

Le trafic continuera à fonctionner sur 2x2 voies dans les deux sens tout au long du chantier, sauf dans le cadre de travaux où une voie supplémentaire devra être coupée (barrages ponctuels lors d’un week-end ou durant la nuit).