Wéi dierf ech wou mat mengem Auto parken?

© Domingos Oliveira / RTL
D'Fro doriwwer, wie wou dierf säin Auto parken, féiert ëmmer nees zu Diskussiounen ënner Lëtzebuerger Noperen.
Ma wou dierf ee sech dann elo mat sengem Auto parken a wéi eng Strofen dreeën, wann ee géint dës Virschrëfte verstéisst? De Romain Van Dyck vun RTL Infos huet sech bei der Police schlau gemaach.
Parke virun enger Garage respektiv engem private Parking
Et ass den typesche Sträitfall: E Chauffer parkt sech mat sengem Gefier virun enger friemer Garage oder engem private Parking, fir bis séier an e Buttek ze goen oder soss eppes ze erleedegen. Ma hei ass de Code la route kloer. Et dierf ee sech weder virun en ëffentlechen nach e private Parking, respektiv eng Parkplaz oder eng Garage, esou parken, dass een den Accès blockéiert. Wien dat mécht, riskéiert eng Amende vu 50 Euro.
Eenzeg Ausnam: Et dierf ee sech viru seng eege Garage oder Parkplaz stellen, virausgesat, ass kee Verbuetszeechen um Buedem.
Parken op der Voie publique virun engem friemen Haus
Och hei ass d'Reegel kloer: Et dierf ee sech mat sengem Auto op eng ëffentlech Parkplaz stellen, déi virun engem friemen Haus läit. De Bewunner vum Haus huet kee Recht, dës Parkplaz fir sech ze reklaméieren. Fir de Fall, dass net kloer ass, wou d'Voie publique ophält an de privaten Terrain ufänkt dierf een dat allerdéngs mat engem Schëld kennzeechnen.
Um Trottoir parken
An der Reegel dierf ee sech mat sengem Gefier net op engem Trottoir parken. Allerdéngs ginn et Plazen, op deenen dëst erlaabt ass. Wann dat de Fall ass, gëtt mat engem Schëld dorop higewisen. An deem Fall gëllt et awer drun ze denken, dass den Trottoir op d'mannst op enger Breet vun engem Meter muss fräi bleiwen.
Méi Detailer iwwer d'Park-Virschrëften, d'Protekoller déi ee riskéiert, wann ee sech net u se hält, an doriwwer, a wéi enge Fäll ee riskéiert ofgeschleeft ze ginn, fannt Dir am Artikel op RTL Infos.