De Joris Briand huet bei senger Duerchrees och en Halt bei Harley Davidson zu Mutfert gemaach.

Den Harley Club Lëtzebuerg, mat sengem President Merenz Georges, huet de Joris Briand empfaangen.

Hien ass vu Lyon komm an ass vun hei weider ob Léck gefuer, dat sinn eng 750 km bannent engem Dag, bei Temperaturen vu 6 Grad dobaussen.

Säi Motorrad huet elo 306.086 km. Hie war domadder an 3 Kontinenter ënnerwee a war ënnert anerem 3 Mol an der Ukrain déi lescht 3 Joer. E fiert tëscht 30.000 a 50.000 km pro Joer.

RTL

© Romain Scheffen

Am Januar 2025 geet et an Algerien, Niger, Libyen an Tunesien. Dat heescht, da steet Véierte Kontinent um Programm.

RTL

© Romain Scheffen