Wéi d'Gemeng Steesel matdeelt, wäert an den nächste bal véier Woche eng gär genotzte Strooss tëscht Steesel an dem Briddel zou sinn.

Um Briddel gëtt nämlech op der Kräizung tëscht der Steeseler- Schëndelserstrooss geschafft an och gëtt een Deel vun der Steeselerstrooss selwer frëschgemaach.

Dowéinst kënnt ee vun en Dënschdeg un an dat nach bis den 13. Dezember inclus net méi iwwert d'Rue de Bridel zu Steesel bis op de Briddel selwer. D'Strooss ass vun der Hausnummer 19 vun der Briddelerstrooss u fir den Trafic gespaart. Eenzeg Ausname sinn, wann een op de Biohaff Clees, de Biohaff Klengelbour oder d'Rue Gewännechen wëll fueren.

D'Deviatioun leeft iwwer Bäreldeng, d'Deviatioune si gezeechent.