Schwäizer stëmme géint den Ausbau vum Autobunnsreseau

An der Schwäiz gouf haut iwwert den Referendum zum Ausbau vun den Autobunnen ofgestëmmt, an et koum net esou, wéi ee sech et erwaart hat.
D'Majoritéit huet sech bei der Wal nämlech géint en Ausbau ausgeschwat. 47,3% waren dofir, 52,7% dogéint.
Den Trafic huet sech op de Schwäizer Stroossen zanter 1990 méi wéi verduebelt. Well et och ëmmer méi oft zu Stau kënnt, proposéieren d’Regierung an d’Parlament op 6 Tronçonen d’Autobunnen am Land auszebauen. 3 nei Tunnelle sollen zu Basel ënnert dem Rhäin, zu Schaffhausen an zu St. Gallen gebaut ginn. An de Regioune Bern a Genève ass virgesinn, Deeler vun der Autobunn vu 4 op 6 bzw. 8 Spueren auszebauen.
Ronn 5.2 Milliarden Euro si fir dës Projete virgesinn. Duerch dës Mesurë soll et an Zukunft manner Stau ginn an domat manner negativ Konsequenze fir d’Vollek, d’Ëmwelt an d’Wirtschaft. Wann den Trafic op der Autobunn méi fléissend ass, ass och manner Trafic an den Dierfer. D’Rietspartei SVP, d’FDP an d’Partei Die Mitte ënnerstëtzen des Propos.
De Referendum gouf ergraff vum engem Comité aus Membere vun de lénke Parteien an dem Verkeiersclub Schwäiz, dee sech fir eng ëmweltfrëndlech Mobilitéit asetzt. D’Sozialisten, déi Gréng an déi Gréngliberal Parteie sinn och géint dësen Ausbau. Si sinn der Meenung, datt duerch een Ausbau vun der Autobunn an e puer Joer nach méi Trafic wäert op de Stroossen sinn. Et bräicht ee besser Léisungen, sou datt souwuel den ëffentlechen Transport wéi och de Vëlo méi attraktiv ginn. Mat der Realisatioun vun de 6 Projete géingen zousätzlech iwwer 400 000 m2 Landwirtschafts- a Gréngfläche verschwannen.
Bis elo war bei esou Referenden meeschtens zu Gonschte vun de Projeten ofgestëmmt ginn. Dës Kéier awer net. 52,7% vun de Leit hunn dogéint gestëmmt, wat bei deene Gréngen natierlech fir Zefriddenheet gesuergt huet. D'Presidentin Lisa Mazzone erwaart sech mat dësem Resultat en Ëmdenken an der Schwäizer Verkéierspolitik.