KTM steet kuerz virum Bankrott

© ALEX HALADA / APA-PictureDesk via AFP
De gréisste Motorradsconstructeur an Europa ass finanziell nawell an de Laberenten.
Rieds ass vu Milliounescholden am dräistellege Beräich. Et géif näischt laanscht e Stellenofbau féieren, fir KTM ze retten.
D'Produktioun soll déi nächst zwee Joer erofgefuer ginn, fir manner Wuer am Stock ze hunn an doduerch déi laangfristeg Existenz z'assuréieren.
Rezent war d'Produktioun scho gedrosselt ginn, well d'Nofro no KTM-Motorrieder net méi sou grouss war. Bis Ufank 2025 sollen 300 Plazen ofgebaut ginn, nieft deene 700 déi schonn ofgebaut goufen. Wéi d'DPA mellt, géifen aktuell an Éisträich ronn 5.000 Leit bei KTM schaffen.
Vu Chrëschtdag bis Enn Februar sollen d'Produktiounslinne komplett ausbleiwen.
D'Berliner Post mellt, dass et aktuell ongewëss wier, ob KTM d'Paie vum November iwwerhaapt kéint bezuelen, an och d'Primm fir Chrëschtdag steet op wackelege Been.