Franséisch Frontalieren op Lëtzebuerg hunn déi längsten Trajeten

© Maxime Gonzales / RTL
Méi Kilometer a méi Loftverschmotzung - dat ass de Constat vun der Insee am Bezuch op den Aarbechtswee vu franséische Frontalieren op Lëtzebuerg.
Eng Etüd vun der franséischer Statistikagence Insee, déi en Donneschdeg publizéiert gouf, weist, datt d'Faarte vun de franséische Frontalieren déi vum Rescht vun der franséischer Populatioun bei wäitem iwwerschreiden. Am Schlechtste geet et dobäi deenen, déi op Lëtzebuerg fueren.
Fir d'Etüd goufen Donnéeën aus dem Joer 2021 ënnersicht. Opgeholl goufe just Leit, déi wéineger wéi 150 Kilometer op d'Aarbecht fueren. Dat ware fir Lëtzebuerg zu deem Zäitpunkt eng 103.000 franséisch Frontalieren.
Wärend den Duerchschnëttsawunner vun der franséischer Grenzregioun Grand Est am Schnëtt eng 15 Kilometer bis op d'Aarbecht fiert, fiert ee Grenzgänger ronn 38 Kilometer. D'Frontalieren, déi a Richtung Lëtzebuerg ënnerwee sinn, schneiden an där Hisiicht am Schlechtsten of a brénge souguer 42 Kilometer hannert sech.
Ma dësen Duerchschnëtt verstoppt awer och gréisser Divergenzen. Déi meescht Fransousen, déi op Lëtzebuerg pendelen, fuere wéineger wéi 40 Kilometer op d'Aarbecht. Ee vu véier Frontalieren op Lëtzebuerg fiert dogéint méi wéi 50 Kilometer.
Der Insee no sinn dann och ronn 2 Prozent un de Frontalieren a Frankräich Lëtzebuerger, déi iwwer d'Grenz wunne gaange sinn.