Op 14 Hektar soll en Zentrum fir Mobilitéitstechnologie entstoen. Nom Parking éco-circulaire gouf elo de sougenannten "Automobility Incubator" ageweit.

Automobil-Campus zu Biissen hëlt Form un / Reportage Pit Everling

Elektro oder nach autonoomt Fueren: D’Mobilitéit ass am Wandel an un der Zukunft soll hei zu Lëtzebuerg mat geplangt ginn, notamment am Beräich Fuerschung. Den Incubateur soll en zentralen Deel vun der Entwécklung vum Standuert Biissen ginn an nei Acteuren dohi lackelen. Den Incubateur-Technoport këmmert sech ëm d’Exploitatioun vum Site. Den Direkter Diego Di Biasio mécht den État des lieux vun den Acteuren:

"On a eu des discussions avec 70 entreprises jusqu'à maintenant. On a une grosse douzaine d'entreprises avec lesquelles on continue de discuter de façon très proactif. Il y en a trois qui ont signé un pré -contrat: Ponyai, Voltcore et Right Energy."

Dann huet och den Noper Goodyear decidéiert, sech mat enger Entitéit um Automobil-Campus néier ze loossen. Vun 2026 u ginn Aktivitéiten an engem neie Gebai um Campus regroupéiert, wou Plaz fir 350 Mataarbechter wäert sinn. Op Basis vun enger Zesummenaarbecht mat der Uni.lu an dem Institut List sollen um Site méi spéit och Studente kënne forméiert ginn. D’Enveloppe, déi de Staat bereetstellt, huet eng Héicht vu ronn 40 Milliounen, sou den Ekonomiesminister Lex Delles:

"Fir den Incubateur hei 21 Milliounen, fir de Parking, dee virun engem Mount ageweit ginn ass, ronn 10 Milliounen a fir d'Infrastrukturen 8 Milliounen."

An den nächsten 2 Joer dierften nach emol eng 2.000 Aarbechtsplazen an der Gemeng Biissen geschaaft ginn. Dat wier eng grouss Erausfuerderung, seet de Biisser Buergermeeschter David Viaggi. Et hätt een d’Zouso kritt, fir infrastrukturell Adaptatiounen:

"D'nächst Joer soll eng Zousaz-Strooss hei gebaut ginn, déi de Zoning desservéiert op d'N7."
 
Do freet ee sech, ob dat en vue vun engem eventuellen Datenzenter Google kéint sinn. Datt deen zu Biissen Realitéit gëtt, schéngt weiderhi ganz realistesch ze sinn. D'Gespréicher an d'Analyse wieren op alle Fall amgaangen, sou Lex Delles an David Viaggi. Eng definitiv Zouso gëtt et den Ament awer net.