Dat huet de liberale Wirtschaftsminister Lex Delles en Dënschdeg um Bord vun der Aweiung vum Automobil-Incubateur zu Biissen ze verstoe ginn.

D'Gespréicher an d'Analys wieren op alle Fall amgaangen. Dat confirméiert och de Biisser Buergermeeschter David Viaggi, deen iwwerdeems gréisser infrastrukturell Adaptatiounen tëschent Biissen an dem Rouscht annoncéiert huet. 
Och wa béid Politiker a punkto Google net all ze pessimistesch wierken, sou géif et am Moment keng Zouso vum Internet-Gigant ginn, gëtt mat Nodrock betount.

An awer. Nodeems et a leschter Zäit roueg ronderëm de méigleche Bau vun engem Google-Datenzenter zu Lëtzebuerg gi war, deet sech nees eppes. Des Kéier konkreet op deem Site, op deem Google Proprietär vum Terrain ass.

"Et ass esou, hei niewendrun ass de Site jo. An de Moment ginn op deem Site Analyse gemaach. An ech mengen dat ass och de Status, wou mer sinn. Et gi Prouwe geholl, et gëtt halt analyséiert op deene verschidden Aspekter vun der EIA, ob de Projet viabel ass, ob en autorisabel ass. Ech mengen, do lafen Diskussiounen. Fir de Rescht ass et awer esou, dass een nach net ka soen - an dat hunn ech haut och schonn eng Kéier gesot - jo si kommen oder nee, si kommen net. Mee Fakt ass, dass Autorisatioune preparéiert ginn." sou de Buergermeeschter vu Biissen, David Viaggi am RTL-Interview.
 
Viru 7 Joer hat de Projet eng éischte Kéier fir Schlagzeile gesuergt.