Wéi den Transportministère an engem Schreiwes matgedeelt huet, komme vum 16. Dezember un eng jett Changementer am Busreseau.

Ronn 50 Buslinne vum RGTR-Reseau si betraff. Op verschidde Linne gi vum Sonndeg 15. Dezember un zousätzlech Busser agesat oder Busser mat méi oder manner Sëtzplazen. Esou géif ee sech un d'Demande upassen, zum Beispill gëtt et en neien Arrêt zu Duelem op der Linn 821 tëscht der Stad iwwer Garnech op Kënzeg.

Op anere Linne goufen Adaptatioune gemaach, fir datt d'Connectiounen a Korrespondenzen zu aneren Bus- oder Zuchlinne besser funktionéieren. Zum Beispill gëtt d'Liaisoun Thionville - Belval ugepasst.