Fräi personaliséiert Placke fir op den Auto geschwë méiglech

© RTL
D'Plackennummeren um Auto soll ee geschwënn dierfen hei am Land personaliséieren.
Dat war am Koalitiounsaccord virgesinn an dat soll geschwënn an engem Regierungsrot ugeholl ginn. Dat äntwert d’Ministesch Yuriko Backes op eng parlamentaresch Fro vun den LSAP-Deputéiert Cruchten a Polidori.
An de leschte Méint wär intensiv un engem Gesetzprojet geschafft ginn. Et ass virgesinn, datt d’Plackennummeren fräi personaliséiert kënne ginn, no engem Modell wéi an der Belsch. Déi aktuell Versioun vum Projet wier an der Finaliséierungsphas an dierft an nächster Zukunft um Ordre du jour vum Regierungsrot stoen, schreift d’Ministesch Backes. Méi Detailer ginn et nach net. Net, wéi fräi ee wäert kënnen decidéieren an och net wat dat kascht.
An der Belsch kascht eng Fantasieplack wéi zum Beispill mam Virnumm oder “007Bond” oder “Hahaha” 1.000 Euro.
Eleng zejoert goufen 13.000 sou Placken ugefrot, déi also 13 Milliounen an déi belsch Staatskeess bruecht hunn.
1,3% vun den Demanden sinn aus moralesche Grënn refuséiert ginn.
Zu Lëtzebuerg ass och eng Personaliséierung mat 4 Ziffere méiglech. Eng Waardelëscht gëtt et net méi. D’Plackennummere sinn elo un d’Persoun gebonnen.