Wou ass den Dossier drun?

© Christophe Hochard
Zanter dem Summer 2023 läit déi néi Variant vum Käerjenger Contournement um Dësch.
Bei der neier Planifikatioun wären de Bobësch an d'Natura-2000-Zon manner impaktéiert. Déi lescht Propos, déi am Juli 2023 festgehale gouf, géif tëscht dem Bobësch an der Gare vu Käerjeng/Suessem duerchféieren. Fir dës Variant an d'Dot ëmzesetzen, misst d'Firma "Saint Gobain" relogéiert ginn. Iwwer hiren Terrain soll déi néi Ëmgoungsstrooss zu Käerjeng verlafen.
RTL-Informatiounen no sinn d'Gespréicher tëscht der franséischer Firma "Saint Gobain" an dem Wirtschaftsministère ofgeschloss. Den Dossier géif elo beim "Comité d'acquisition" vum Finanzministère leien. D'Entreprise mat Sëtz zu Paräis wär bereet, de Standuert vu Käerjeng opzeginn, a wéilt och weiderhin zu Lëtzebuerg bléiwen.
Rieds geet jo vun engem Terrain zu Diddeleng, an der Industriezon Wolser, wou d'Firma sech néierloosse kéint. An de Gespréicher tëscht dem Wirtschaftsministère an de Responsabele vu "Saint Gobain" wären awer nach verschidde Froen opkomm, déi nach ze kläre bleiwen. Wei zum Beispill Plënner-Käschten oder Maschinnen, déi beim Ofrappe vun der Firma um aktuelle Site duerno net méi ze gebrauche wären.
Den néie Contournement soll spéider 4 Kilometer laang ginn an am ganze sechs Rond-pointen hunn. Bei der Gare ass och en neie Pôle d'Echange geplangt.
Géigewand fir dëse Projet gëtt et aktuell nach vun der lokaler Biergerinitiativ "BIGS". Si hu Klo virum Verwaltungsgeriicht ageluecht.