Ëmmer méi Leit fuere mam Zuch. Dofir moderniséieren d’CFL och dëst Joer hire Reseau an hir Infrastrukturen.

An de leschten 20 Joer gouf et bei der Clientèle eng Hausse vun 122% am Zuchverkéier, esou de Marc Wengler, Generaldirekter vun de CFL. Am Joer 2024 si ronn 31,3 Millioune Leit mam Zuch gefuer, dat sinn 10% méi wéi nach dat Joer virdrun. Fir dëst Joer huet d’CFL 4 Haaptziler. Et solle méi Capacitéite geschafe ginn, ënnert anerem mat 34 neien Zich. Méi Qualitéit fir d’Clientèle, mat der Prioritéit méi pünktlech ze sinn a méi Sécherheet a Servicer fir d’Clienten ze garantéieren.

Grousse Chantier zu Beetebuerg

Een Haaptchantier fir 2025 gëtt et tëscht Lëtzebuerg a Beetebuerg, wéi de Marc Hoffmann, Direkter vum Infrastrukturmanagement erkläert: "Mir schaffen op deem ganzen Axe Lëtzebuerg – Beetebuerg, notamment an der Ouschtervakanz an an der Summervakanz. Den Haaptprojet ass am Fong d’Neibaustreck Beetebuerg, dat heescht , wou mer jo eng ganz nei Streck bauen, fir eben den Enkpass, dee mer hunn, tëscht Lëtzebuerg a Beetebuerg ze behiewen. Mam Haaptzil fir den Trafic, deen aus Frankräich kënnt, vu Metz vun Thionville, awer och vu Paräis (TGV) komplett ze trennen op der ganzer Streck tëscht Beetebuerg a Lëtzebuerg."
 
An der Gare vu Beetebuerg gëtt den Uschloss vun der Neibaustreck un de bestoende Reseau preparéiert. Dofir mussen eng 500 Meter Gleis verluecht ginn, fir Plaz fir déi nei Gleiser ze maachen. Dat huet als Konsequenz, dass an der Ouschter- an an der Grousser Vakanz all d’Zisch tëschent Beetebuerg an der Stad ausfalen. Vum 5. bis den 21. Abrëll a vum 12.Juli bis de 14. September mussen d’Passagéier op Ersatzbussen ëmklammen.
 
D’Aarbechten un der Neibaustreck leien am Zäitplang. De Generaldirekter Marc Wengler ass optimistesch, dass am September 2027 déi éischt Zisch laanscht d’Diddelenger Autobunn fuere kënnen.

 

38 Kilometer Schinne ginn erneiert: weider Ausfäll

D’lescht Joer waren 90,5 Prozent vun den Zisch pénktlech. Fir deen Taux ze halen oder esouguer ze verbesseren, muss och de bestoende Reseau permanent ënnerhale ginn. Esou ginn dëst Joer 38 Kilometer Schinne komplett erneiert. Betraff si véier Lignen, wou wocheweis den Zuchtrafic ënnerbrach ass:

Tëscht dem 24. Mäerz a bis de 4. Abrëll ass den Zuchtrafic dann tëscht der Stad a Rodange ënnerbrach, well nei Weiche geluecht ginn. D'Zich fuere vun der Stad op Athus a vu Rodange op Lonkech.

Tëscht der Stad an Arel, also op der Streck via Klengbetten, ass den Zuchtrafic dann direkt dräi Mol ënnerbrach, dat am Februar, am Abrëll an am Mee. Allkéiers zu den Zäite vun de Schoulvakanzen, well do op enge sechs Kilometer d’Linn frëschgemaach gëtt.

Dat selwecht gëllt fir d’Linn tëscht der Stad an Dikrech an der Summervakanz. Do gi 5,5 Kilometer Streck renovéiert.

Op der Tréierer Streck gëtt tëschent Rued-Syr a Wecker geschafft. Hei falen tëschent dem 24. Mee an 1. Juni d’Zich tëschent der Stad an Éiter aus. Tëschent dem 23. August a 14. September fiert keen Zuch tëschent der Stad an Tréier.
 
D’CFL verspriechen e gutt organiséierte Busersatzdéngscht an eng verbessert Informatioun vun hire Clienten. Vun elo u fannt Dir ënnert dem Onglet “Infos Travaux” op cfl.lu an an der CFL-App och Informatiounen zu all dëse Chantieren. 
 

Dummeldeng: Barrière verschwënnt komplett

Ee weidere méi grousse Chantier ass dee vun der Barrière zu Dummeldeng. Dësen Iwwergang wäert vum 7. Juni u komplett zougemaach ginn. De But wier et, de Verkéier vun de Gleiser erof ze kréien, och fir d’ Sécherheet vun den Autoen ze garantéieren. Nach eng Kéier de Marc Hoffmann: "Do wäert de Verkéier herno iwwert déi ‘nei’ Iechternacher Strooss ëmgeleet ginn, wéi et souwisou geduecht war, wéi déi Streck gebaut ginn ass. Dat erlaabt eben och dee ganze Quartier, och d’Plaz virun der Gare bewunnerfrëndlech ze amenagéieren."  
 
D’CFL bauen zu Dummeldeng zwar e Passage ënnert de Gleiser, mee deen ass nëmme fir Foussgänger a Vëlosfuerer geduecht. Dës Aarbechte solle am éischte Semester 2027 ofgeschloss ginn.