Zënter Ugangs Februar ginn et zwou nei Kontrollstatiounen zu Lëtzebuerg. Eng vun LU KS zu Wickreng an eng weider vun der SNCT um Rouscht.

Nei Kontrollstatiounen / Reportage: Carla Schuller

Am Ganze kann ee lo op eelef Plazen am Land déi technesch Kontroll vum Auto maache loossen.

Et versicht een, déi geographesch Offer unzepassen, fir dem Client et sou einfach wéi méiglech ze maachen, vun doheem oder der Aarbechtsplaz aus op d’Kontrollstatioun ze fueren. D’Konkurrenz géif wuessen, ma dat géif och d’Geschäft beliewen, seet den Direkter vun der SNCT, Bob Manet.

"Doduerch, dass déi Konkurrenten do sinn, huet och d’SNCT sech missen nei a Fro stellen a rëm nei Offeren an nei Servicer ubidden, a méi op dem Client seng Besoinen agoen."
 
D’Quantitéit un Aarbecht géif duerch de Populatiounswuesstem, ëmmer méi Autoen an och zousätzlech Kontrollpunkten zouhuelen. Trotzdeem wëllen déi dräi Societéiten (SNCT, LU KS an DEKRA), déi hei am Land fir d’technesch Kontrollen zougelooss sinn, e gudde Service um Client bidden, seet den Allain Dasthy, Direkter-Associé bei LU KS:

"De Client soll heihinner kommen an aller Rou, net gestresst si wéinst deem Contrôle. E gëtt säi Schlëssel of an de Rescht maache mir."
 
Eng wieder Erausfuerderung sinn d’Waardezäiten, wou een un enger Verbesserung géif schaffen, erkläert de Bob Manet vun der SNCT.

"Mir sinn amgaang, eise Programm duerchzezéien, fir ëmmer méi Leit och ze rekrutéieren, fir dass mer eis Offer der Demande vum Marché ëmmer besser kënnen upassen, fir dass déi Waardezäiten à terme ëmmer méi agreabel ginn an op e Minimum kënne reduzéiert ginn."
 
D'Waardezäite variéiere jee no Statioun. Bei der SNCT war, wéi mer um Méindeg Nomëtten online gekuckt un, den éischte Rendezvous a gutt zwou Wochen ze kréien, de Gros awer eréischt Mëtt Mäerz. Bei LUKS an Dekra ware vereenzelt Auerzäite schonn den Dag drop disponibel. Dofir kann d’SNCT beim Präis punkten, dee mat 67,50 Euro fir d’Kontroll vun engem normalen Auto, véier respektiv méi wéi 18 Euro ënnert den Tariffer vun den aneren Ubidder läit. Ma ob den Auto conform ass oder an der technescher Kontroll duerchfält, huet mam Präis vum Service näischt ze dinn.

Enn des Joers soll zu Wolz nach eng weider Kontrollstatioun vu LU KS derbäikommen an och zu Gaasperech soll de Service nees opgeholl ginn. Och d'SNCT plangt an Zukunft weider Statiounen opzemaachen.