Op der franséisch-Lëtzebuerger Grenz zu Däitsch-Oth gouf et eng Protestaktioun
Et gouf eng Protest-Aktioun vum CDIFL, dem "Comité de défense et d’initiative des frontaliers du Luxembourg".
Eng offiziell Streik-Aktioun op der Liaison Micheviell krute se net autoriséiert, ma d'Demonstrante sinn zum Beispill bei engem Zebrasträifen einfach stänneg vun der enger op déi aner Säit gaangen, wouduerch den Trafic trotzdeem un d'Stoe komm ass.
Vun der Plaz huet et geheescht, dass d'Stëmmung nawell zimmlech ugespaant war. D'Automobilisten, déi am Stau stoungen, hätten deels zimmlech aggressiv a genervt reagéiert, an et wier een Demonstrant och bal iwwerrannt ginn.

© Domingos Oliveira
Et ass ëm eng nei Steier-Mesure gaangen, déi dëst Joer a Kraaft getrueden ass a Frontalieren impaktéiert. Virun allem déi, wou eng Koppel zwar zesumme wunnt, ma deen een a Frankräich an deen aneren hei zu Lëtzebuerg schafft.
Bis zu 3.000 € d’Joer méi u Steieren kéinten do fälleg ginn, rechent den CDIFL vir, deen e Stopp vun där neier Reegelung fuerdert. De Grand-Duché a Paräis misste sech besser ofschwätzen.