Wat d'Automobiliste vläicht freet, suergt bei de Foussgänger fir Frust.

Rout Luuchten an der Houschter-Déckt / Reportage: Marc Hoscheid

Wien iwwer d'N7 vun Houschent op Maarnech fuere wëllt, dee muss duerch d'Houschter-Déckt an Housen. A wien déi Streck méi dacks fiert, dee weess, datt et an deenen zwou Uertschaften alt emol méi lues virugoe kann. Dat läit net seelen dorunner, datt Foussgänger bei deene verschiddenen Zebrasträifen iwwer d'Strooss wëllen an dofir déi Rout Luucht drécken. Ma zanter Januar sinn eng Partie vun de Roude Luuchten en panne. Eng net ganz ongeféierlech Situatioun, déi deels een zimmlech skurrille Grond huet.

Bis zu 17.000 Gefierer den Dag rullen duerch Housen an d'Houschter-Déckt. Do ass een als Foussgänger grad an de Spëtzenzäite vum Trafic frou, wann ee bei engem Zebrasträifen op de Knäppche vun enger Rouder Luucht drécke kann. Ma zanter ronn zéng Woche sinn déi Rout Luucht bei der Kierch zu Housen an eng vun den zwou an der Houschter-Déckt en panne. Déi aner an der Houschter-Déckt war och laang futti, gouf awer méi fréi am Mäerz gefléckt. D'nächst Woch sollen dann och déi aner gefléckt ginn. Datt dat esou laang gedauert huet, erkläert de Buergermeeschter vun der Gemeng Parc Housen, Romain Wester, esou:

"Et ass nun emol sou, och wann ee mengt, datt wann eng Wirtschaft net grad esou schnell a gutt funktionéiert, datt d'Ersatzdeeler schnell misste kënne geliwwert ginn, mee grad wann een Imprevu kënnt, dauert et wéi an dësem Fall bis zu zéng Wochen, bis mer déi néideg Stécker kréien. Ënnert anerem awer och, well déi Rout Luuchten, déi mer zu Housen stoen hunn, och schonn ee gewëssenen Alter hunn an deen Ekipement dann net op Stock läit."

Ee gewëssenen Alter heescht ronn 15 Joer. Esou Enkpäss bei techneschem Material wieren net ongewéinlech, erkläert de President vum Gemengesyndikat Syvicol Emile Eicher op Nofro hin. Dem Romain Wester no géing et awer wéineg Sënn maachen, esou spezifesch Stécker wéi programméiert Platinnen op Stock unzeschafen.

Wärend déi Rout Luucht zu Housen wéinst engem normale Kuerze futti ass, gëtt et bei deenen an der Houschter-Déckt ee méi skurrille Grond, wéi de Romain Wester erkläert.

"Doduerch datt d'Schleeken eis an d'Rout Luuchten eraspadséiert sinn, hunn déi eis do och ee Kuerze an deenen zwou Rout Luuchte fabrizéiert."

Zanter enger Zäit sinn déi futtis Rout Luuchten zougehaangen an et stinn orange Luuchte bei den Zebrasträifen, fir d'Automobilisten ze warnen. Déi Mesurë goufe mat Hëllef vun de Ponts et chaussées en place gesat a wieren och néideg.

"Et ass effektiv esou, de Foussgänger huet et de Moment hei zu Housen an och an der Houschter-Déckt schwéier, fir iwwert d'Strooss ze kommen. Well och wann de Code de la route bei engem Foussgängeriwwerwee ganz kloer ass, datt de Foussgänger Prioritéit huet, gëtt dat awer an deene seelenste Fäll respektéiert. Dofir ass de Floss vum Autosverkéier natierlech elo méi séier a besser, mee dee vun de Foussgänger ass definitiv ganz geféierlech ginn."

Eng Partie Awunner hätten hirer Onzefriddenheet iwwert déi laang Dauer vun der Panne Loft gemaach an hie kéint dat och novollzéien.

Do kéint et d'Leit vläicht tréischten, datt déi Rout Luuchten net nëmmen d'nächst Woch gefléckt ginn, mee d'Gemeng huet och eng drëtt fir d'Houschter-Déckt ugefrot. Déi soll op Héicht vun engem Restaurant kommen, wou op d'mannst an der Zäit déi eng oder aner Hameschmier giess gouf.