Bis zu 5 Méint Waardezäit fir Formatioun zu Colmer-Bierg

© RTL Archiv
D'Waardezäit fir eng Formatioun am "Centre de formatioun pour conducteurs" zu Colmer-Bierg läit aktuell bei bis zu 5 Méint.
Dat confirméiert d’Mobilitéitsministesch Yuriko Backes e Freideg op eng parlamentaresch Fro vun de Piraten. Den CFC wier amgaangen, nei Formateuren auszebilden, fir där Situatioun entgéintzewierken an d’Waardezäite fir e Rendez-vous ze verkierzen.
D’Ministesch präziséiert, dass d’Rendez-vouse fir esou e fräiwëllege Cours staark gefrot sinn, zanterdeem d’Strof fir d’Benotze vum Handy um Steier op 4 Punkte gehéicht gouf.
Fir jonk Automobilisten, déi no hirer Stagezäit an de Formatiounszenter mussen, géif et iwwerdeems keng gréisser Waardezäite ginn.