Virun 10 Joer gouf decidéiert, d'Luuchtepottoen um Reseau vun den dräi Autobunnen am Land ze limitéieren.

Zanterdeem goufen 870 Luuchten a 730 Pottoen ofmontéiert. Weiderhi stinn deemno nach ëmmer eng 7.300 Pottoen, fir d'Spueren op den Autobunnen ze beliichten. Op de Landstroosse koum et zu kengem systematesche Réckbau vum Geliits, sou déi zoustänneg Ministesch Yuriko Backes.

D'Ministesch betount och, datt d'Ofrappe vun de Luuchtepottoe keng Inzidenzen op d'Zuel vun déidlechen Accidenter hat, déi et déi lescht Joren op den Autobunne goufen. Duerfir ginn och keng Decisiounen oder Mesure réckgängeg gemaach. Et bleift bei der "Vision zero", sou wéi se am Nationale Stroossesécherheetsplang bis 2028 festgehale gi war.

Déi parlamentaresch Fro un d'liberal Ministesch hat den ADR-Deputéierte Jeff Engelen gestallt.